25
Aug
2009

Confessions of a crazy mind

Hello, friends :)

hun mer geduecht, ee neien Post fir dëst Woch ze schreiwen. Hun awer net sou vill ze zielen. De Sonnden war ok. Mir waren an d'Mass (weinst dem F. senger Bom) an dono bei de Chinees iessen. Dat huet dann bis 5 Auer Mëttes gedauert, leider. Sos war et cool.

Also, Frupsi, ech fannen dat sou cool, wei du a den S. zesummen wunnt, et gesait een, dass dir an Harmonie mateneen sid, an dass dir frou sid, an ech wenschen iech nëmmen dat Bescht!!!!

Hoffen mir gesin eis demnächst rem nees fir treppelen ze goen, et wier cool. Leider as dat gud Wieder elo riwwer :(((

Ech sin die ganzen Zaiten sous schlecht drop, wann d'Wieder sou as, en plus kreien ech glaich meng Deeg an keint AUSFLIPPEN!!!! >> Ech sin AGRESSIV :P hehe Aaaaaaah, ech keint wierklech voll haart blaeren (wees du nach Claudia, mir waren eng Keier ennerwee zu M, an ech sot der, ech geif gaer heiansdo einfach iergendswou higoen, wou keen mech heiert, a dann ganz haart blaeren...Sou fillen ech mech geschter an haut)

Et gin Momenter, wou ech d'Gefill hun dass naischt virugeet, an dat nervt mech. Ech hun sou vill Pläng an Ideen, an wann ech awer owes Heem kommen, hun ech guer keng Loscht eppes ze maachen... Aaaaaaaah... ech gin geckeg!!!!!

Mee bon. Dat as och alles, wat ech dozou soen kann. Ech gin aal :D De metten war ech kuerz an d'Stad, mir e Maskara kafen, an dann huet d'Vendeuse mech gefrot, wat ech gaer fir en Echantillon hätt, e Soin oder e Parfum. Ech sot: Soin. Dann gett sie mir eng Crème Anti-Âge!!!! Aaaaaaaah. Gesin ech sou aus, wei wann ech sou eppes geif brauchen??? Dat as elo schon fir d'zweet. Ech mengen die hun se net mei all. Ech waert express niemols een anti-rides benotzen. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!

Antschulina, ech kommen iech muer um neng bei d'Aarbecht sichen, an dann kenne mir jo op d'Fouer goen fir eppes ze iessen :)
Freen mech :)))

Sou, nach ee schéinen Dag (et sin nach3 Stonnen bis das mir Heem gin Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!) Decke Kuss an bis muer :)

21
Aug
2009

Hello Friday!

Happy Birthday to you... Happy Birthday to you... Happy Birthday dear FRUUPSIII :D Happy Birthday to You!!!!

Wënschen dir alles Guddes fir Dain Gebuertsdag, vill gléck, freed an eng gudd gesondheet!!!! Profitéier vum Dag, feier gud :))) Decke Kuss!!!

18
Aug
2009

salut mädels

hun elo seit 2 deeg den brian vun den backstreet boys als chauffeur haha, en geseit wierklech aus ewei hien hehe :) soss seit geschter ass alles okay...hun haut eng nei box an hun se ze kuerz gemach, zum gleck hun ech nix definitives gebitzt mee just festgemach,also liischt ugebitzt, geseit aus wei michael jackson boxen...! jojo, den owend gin ech mam tomtom eppes drenken oder iessen, mal sehn waat en mir ze zielen huet...krut meng cours a distance, ass interessant an vill mie informatif wei daat waat mir an der schoul haaten, mei theorie, bon theorie hun ech net esou gaer mee ass emmer gudd duerchzeliesen an dann kann een emmer erem noschloen...bis elo sin d exercicer einfach, mee sie hun och schon exercicer wou een muss um pc man...dei muss ech mei speit man an fir d eischt die manuel aufgaben erleedegen... bis gleich ;)

13
Aug
2009

12
Aug
2009

fill spaass beim liesen

also bio style sin net sou meng sach: also ech kaafen niemei eng crem oder eng masque am lush, meng huet wei d N* gesoot huet, net lang gedauert hun se just 2mol benotzt..an dei war deier!!!!! war deck kacke esou vill auszegin an dann nemmen 2 mol kennen ze benotzen, well wanns de se keefs muss se all daag baal benotzen (crem) oder 1-2 mol pro woch (masque), ech kaafen leiwer sachen dei mei laang haalen, well ech och heiasndo gaeren verschidden sachen benotzen well an net emmer daat selwescht.

an a propos gemeis an sou du kriss jo elo alles bio waat wees du vun wou daat kennt, daat gett vlait wei emmer soss geplanzt an behandelt an fir daat se just verkaaf gin hun se dann bio stoen. i dont know...

ech krut haut meng crocus sativus (safran) geliwert, den S geet se muer de moien sichen!!!!! freen mech drop mee froen mech schon wou ech se soll planzen??? an hun esou vill sachen schon geplangt fir nächst joer am maerz: zwibblen planzen an erem meng tomates cerises, dann hun ech meng safranblumen...ah ech freen emch erem hehe. den S haat scheud fonnt wou en den F gesin haat an daat en net italienesch mat em geschwaat huet. kann den F italienesch?

also süssstoff hun ech heiansdo mol geholl, mee net oft, froen mech virwaat een deen soll huelen wann een (keen diabetiker ass wei ech) bei meng mamm hun ech ememr gaeren den brongen zocker geholl, deen ass jo "mei gesond" natierlech wann een domadder iwerdreiwt dann ass et wei mat allem, dann gett een krank dovunner...

hun nach 20 minuten gin nach meng ronn man an dann ass et baal zeit fir heem ze goen. allez ciao bis muer... ;)
logo

reality circus

privat Gespréicher tëscht 3 verréckt Leit :)

User Status

Du bist nicht angemeldet.

Aktuelle Beiträge

I AM AGGRESSIVE
hello peeps!! hei sin ech mueres frei an fresch aus...
antschulina - 16. Nov, 10:12
hui
dat ass awa krasti!! merci chepi fir deng wensch :)...
antschulina - 12. Nov, 11:26
hmm. deck krass! geschitt...
hmm. deck krass! geschitt sou eppes dann oft? wann...
chepi - 9. Nov, 16:30
pff
salut hei sin ech rem, den weekend war okay mee huet...
frupsi - 9. Nov, 12:53
interessant^^
also hallo!! ech wa schon eng zeitschen net online...
antschulina - 15. Okt, 12:28

Links

Suche

 

Status

Online seit 5404 Tagen
Zuletzt aktualisiert: 8. Sep, 09:21

Credits


Wahnsënn
Profil
Abmelden
Weblog abonnieren