Wahnsënn

26
Aug
2009

Waaaahnsinn

Moien. Ech wees vu mir selwer, dass ech am Moment deck explosiv sin, dofir kann et och sin, dass ech iwerdreiwen (awer just e bessi).

Aalso.

Geschter Owend wou mir schon am Schlofzemmer waren, sou geint halwer 10, schellt op eemol dem f. sain handy. Hien kuckt drop an seet: et as deng Mamm. Ech mer geduecht natierlech, dass eppes geschit as... Hun dat net verstaan, firwat dass sie dem f. op den Handy urifft, an net bei eis Heem. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa.

Ech hun opgehuewen, an hun gefrot wat as. An sie: Ech hat een Appel en Absence an wollt wessen, obs du mir ugeruf hues. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. Ech: Firwat hues du net op de Festnetz ugeruf. Mir sin jo Doheem. Sie: Et as besaat. Ech: Nee et as net besaat. Sie: Dach. Ech: Nee, probeier nach eng Keier.

Sie nach eng Keier op den Festnetz ugeruff, natierlech as et gaang. Sie freet dann sou: An, wie geet et iech? Ech: Ganz gud, an dir? Sie: Ech wollt nach eppes wessen. Geschter war Antschulina an dat R. Geschäft, eppes sichen, wat hat bestallt huet, an die Verkeeferin wollt keng Suen, sie huet him dat einfach sou gin, well sie sot, du (also ech) geifs hier iergendeppes molen. Firwat muss du schaffen, fir dass mir iergendeppes vun der Fra geschenkt kreien?

Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa.

Ech hat guer keng Ahnung vu naischt. En plus war ech mega genervt, well ech et HAASSEN um tel. ze schwätzen, an d'Mamm respekteiert dat net. Ech gin geckeg.

Sie huet sech mat mir opgereegt, sie hätt sos keng Zait mir unzeruffen, well sie geif schaffen. An well sie mir jo net daerft op d'Aarbecht uruffen, kann sie mir just owes uruffen, an bla bla bla.

Ech hat hier eng Keier gesot, dass dat guer net gud ugesin gett, wann een hei op der Aarbecht privat telefoneiert. Dofir well ech op der Aarbecht net uruffen, et sief dann et as ee Noutfall. Dann war sie natierlech beleidegt.

Ech sot hier geschter: Mamm, mir gesin eis dach muer, firwat riffs du mech owes um halwer 10 un an frees mech saachen, die guer net wichteg sin.

Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!!!!

As dat zevill verlaangt, ech well einfach net weinst iergend engem Blödsinn telefoneieren. Ech haassen den Telefon. Wann deen, den en erfont huet nach geif liewen, dann geif ech en erscheissen!

Ech fannen dat souwisou allerhand, dass een hautesdags mengt, et keint een den aneren stéieren, just well een grad Loscht huet ze schwätzen. An wann den Telefon doheem besaat as, dann rifft een op alleguer d'Handysnummeren dei ee kennt, fir onbedengt un die Persoun ze kommen, obwuel et guer net wichteg as!!!!! Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. Hiiilfe.

Wat soll ech maachen? Sin ech vereckt oder wat as lass?

25
Aug
2009

Confessions of a crazy mind

Hello, friends :)

hun mer geduecht, ee neien Post fir dëst Woch ze schreiwen. Hun awer net sou vill ze zielen. De Sonnden war ok. Mir waren an d'Mass (weinst dem F. senger Bom) an dono bei de Chinees iessen. Dat huet dann bis 5 Auer Mëttes gedauert, leider. Sos war et cool.

Also, Frupsi, ech fannen dat sou cool, wei du a den S. zesummen wunnt, et gesait een, dass dir an Harmonie mateneen sid, an dass dir frou sid, an ech wenschen iech nëmmen dat Bescht!!!!

Hoffen mir gesin eis demnächst rem nees fir treppelen ze goen, et wier cool. Leider as dat gud Wieder elo riwwer :(((

Ech sin die ganzen Zaiten sous schlecht drop, wann d'Wieder sou as, en plus kreien ech glaich meng Deeg an keint AUSFLIPPEN!!!! >> Ech sin AGRESSIV :P hehe Aaaaaaah, ech keint wierklech voll haart blaeren (wees du nach Claudia, mir waren eng Keier ennerwee zu M, an ech sot der, ech geif gaer heiansdo einfach iergendswou higoen, wou keen mech heiert, a dann ganz haart blaeren...Sou fillen ech mech geschter an haut)

Et gin Momenter, wou ech d'Gefill hun dass naischt virugeet, an dat nervt mech. Ech hun sou vill Pläng an Ideen, an wann ech awer owes Heem kommen, hun ech guer keng Loscht eppes ze maachen... Aaaaaaaah... ech gin geckeg!!!!!

Mee bon. Dat as och alles, wat ech dozou soen kann. Ech gin aal :D De metten war ech kuerz an d'Stad, mir e Maskara kafen, an dann huet d'Vendeuse mech gefrot, wat ech gaer fir en Echantillon hätt, e Soin oder e Parfum. Ech sot: Soin. Dann gett sie mir eng Crème Anti-Âge!!!! Aaaaaaaah. Gesin ech sou aus, wei wann ech sou eppes geif brauchen??? Dat as elo schon fir d'zweet. Ech mengen die hun se net mei all. Ech waert express niemols een anti-rides benotzen. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!

Antschulina, ech kommen iech muer um neng bei d'Aarbecht sichen, an dann kenne mir jo op d'Fouer goen fir eppes ze iessen :)
Freen mech :)))

Sou, nach ee schéinen Dag (et sin nach3 Stonnen bis das mir Heem gin Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!) Decke Kuss an bis muer :)
logo

reality circus

privat Gespréicher tëscht 3 verréckt Leit :)

User Status

Du bist nicht angemeldet.

Aktuelle Beiträge

I AM AGGRESSIVE
hello peeps!! hei sin ech mueres frei an fresch aus...
antschulina - 16. Nov, 10:12
hui
dat ass awa krasti!! merci chepi fir deng wensch :)...
antschulina - 12. Nov, 11:26
hmm. deck krass! geschitt...
hmm. deck krass! geschitt sou eppes dann oft? wann...
chepi - 9. Nov, 16:30
pff
salut hei sin ech rem, den weekend war okay mee huet...
frupsi - 9. Nov, 12:53
interessant^^
also hallo!! ech wa schon eng zeitschen net online...
antschulina - 15. Okt, 12:28

Links

Suche

 

Status

Online seit 5404 Tagen
Zuletzt aktualisiert: 8. Sep, 09:21

Credits


Wahnsënn
Profil
Abmelden
Weblog abonnieren