31
Aug
2009

a new weeeek!

salut dir 2, haut geet eng nei woch un...et ass esou roueg hei daat ech mech nach kann um internet hei beschäftegen. also wann eng vun iech well eng bitzmachine kaafen, gidd an den conforama, net deier, net komplizeiert, an mengen et geet föllegen duer fir debütant. 89 euros. hun se direkt kaaf, well dei am blokker 10 euros mei deier war hun ech net gezögert fir dei ze kaafen, hun se nach net probeiert well haate keng zeit. et muss een schon zeit an gedold hun fir daat alles genee duerchzekucken, freen mech awer! :) !!!! nach 2 wochen an dann geet et ab an d vakanz! mir waren e samsten den owend op fouer, war relax, hun keen gesin deen ech net wollt gesin, an den s. zu mir: oh ech waert bestemmt keen hei treffen deen ech kennen...an 3-4 mol sin mir stoen bliwen, well en leit kannt huet hehehe. 3-4 tippen wou mat em an der schoul am lycee waren :) mir haaten bamis an churros giess, an wou mir geitn 22h fort waren do sin gaaanz vill leit ereicht komm fir op fouer...virum grenge spill war war vill platz, net wei soss emmer wous de nie lanscht kenns...! bis gleich :)
chepi (Gast) - 31. Aug, 13:36

oh cool, eng Bitzmaschinn!!! Ma ech wollt mer eng Zait laang och eng kafen, mee mengen waarden domat bis mir en mi grousst haus hun, well weisst elo net, wou ech se geif stellen. An wann ech se muss emmer agepaak haalen an just eraushuelen fir drop ze schaffen, dann wees ech, dass ech se nie waert eraushuelen.

wann ech op d'fouer gin, dann treffen ech nie een, oder ganz seelen. den f. an ech gin vlait freiden. war elo grad dohin fir ee pitta ze sichen fir an der mettesstonn ze iessen, et waren och net extra vill leit do. mee t'ass bestemmt weinst der braderie.

aaaaaaa. de meinden as emmer sou haart. mir kruten eng brochure op d'aarbecht gescheckt, mat lauter owescoueren. as deck interessant. maachen vlait ee mat.

jo. sos gett bei mir net vill ze zielen. de weekend waren mir relax an den auchan akafen, an dann waren mir doheem. sonndes och. sonndes war braderie zu m. an ganz duerf war zou. dofir sin mir och neierens gaang. hun relax op der terrasse gelies a gepennt. nächsten sonnden muss ech jo schaffen um festival.

cool, dann as jo guer net mei laang bis aer vakanz. bei mir sin et elo och just nach 3 wochen, an dann sin mer ab!!!! ech freen mech MEEEGAAA. Brauch sou lues wierklech eng vakanz. hun mueres sou d'flemm opzestoen, gesin einfach keng perspektiven.
aaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. muss een sech freen dass een eng aarbecht huet, mee bon. heiansdo sin ech sou midd. et as einfach emmer dat selwecht. an dat die nächst 40 joer.

frupsi - 31. Aug, 14:28

mhh nächst 40 joer? also et kann een jo nach emmer d arbecht wiesselen, d richtung wiesselen...

also ech hun och keng platz an ech wees ech waert se och net ee mol am mount benotzen, hun se elo mol aus der kescht geholl well et no plastik gemieft huet an et leit elo mol um buedem an der stuff...sin gespaant weini ech eppes domadder man :) freu mich!
chepi - 31. Aug, 14:54

jo, natierlech, mee et bleiwt trotzdem emmer dat selwecht... och wanns du wiessels. ech hun och net welles main ganzt liewen hei ze bleiwen. et wees een nie. ech fannen dat just schued, dass een sain ganzt liewen schafft an sou weineg zait huet, fir vum liewen ze profiteieren. ech wees, et as eben sou, mee muss trotzdem deck vill doriwwer nodenken. d'woch iwer maachen ech naischt aneres wei schaffen bus fueren an schlofen, an ech froen mech: war et dat schon? muss ech wierklech emmer vum weekend zu weekend liewen? ech wees net, wat ech mer erwaarden. as halt meinden haut.

ech hun an der brochure gelies, dat een kann an 18 wochen sain master an der communication et medias nohuelen. vlait maachen ech dat eng keier. et muss een just mindestens 2 joer an enger entreprise schaffen, fir kennen freides frai ze froen während der zait. D'coueren wieren nämlech freides an samstes de ganzen dag. Vlait maachen ech dat iwernächst joer, wann ech nach hei sin :)

antschulina - 31. Aug, 18:51

hmm

hallo!
also wan du den master nohels,dann hueste na manner vum we. freides an samstes couren an dann fiirbereden vun den hausaufgaben waert mei wi eng keier op sonndes faalen.

ech kreien heiheem net ausgeschlof. sou lues nervt dat gehierlos. seit 1 woch kann keen mech a rou schloofen loosen. entweder leeft tele, oder opera oder chouer, oder schretter, oder streckeisen.... oder een rifft un, oder du muss een enzwousch feieren, oder sichen goen oder eppes droen. wei oft war dat elo esou des woch. mai gott... an ech kreien mech och sou schlecht ageschlof. ech kann einfach nemi.
muer geeht et op p. ech hoffen endlech eppes schnell ze fannen an geschwenn ze plenneren...!
haut wa braderie. an ech hu C gesin, eng bescht frendin vun 2001-2002 zeiten. ech wa spontan an soot moien an hat och^^ wa witzeg. an samsten hun ech eng aner getraf... mee hat wa immens onfrendlech. ech wees och net fiwat, mee mir haten eis versöhnt etc. me bon.
den owend lost in translation. mega genialen film.
an mädels... ech sin elo ab fir eng zeit. schreiwen demnächst wann ech online kommen an souwisou wann ech nees zereck sin. bis dohinner: siewt brav an haalt oueren steif :) ech freen mech schon op eisen nechsten treff!
kisses
logo

reality circus

privat Gespréicher tëscht 3 verréckt Leit :)

User Status

Du bist nicht angemeldet.

Aktuelle Beiträge

I AM AGGRESSIVE
hello peeps!! hei sin ech mueres frei an fresch aus...
antschulina - 16. Nov, 10:12
hui
dat ass awa krasti!! merci chepi fir deng wensch :)...
antschulina - 12. Nov, 11:26
hmm. deck krass! geschitt...
hmm. deck krass! geschitt sou eppes dann oft? wann...
chepi - 9. Nov, 16:30
pff
salut hei sin ech rem, den weekend war okay mee huet...
frupsi - 9. Nov, 12:53
interessant^^
also hallo!! ech wa schon eng zeitschen net online...
antschulina - 15. Okt, 12:28

Links

Suche

 

Status

Online seit 5405 Tagen
Zuletzt aktualisiert: 8. Sep, 09:21

Credits


Wahnsënn
Profil
Abmelden
Weblog abonnieren