26
Aug
2009

Waaaahnsinn

Moien. Ech wees vu mir selwer, dass ech am Moment deck explosiv sin, dofir kann et och sin, dass ech iwerdreiwen (awer just e bessi).

Aalso.

Geschter Owend wou mir schon am Schlofzemmer waren, sou geint halwer 10, schellt op eemol dem f. sain handy. Hien kuckt drop an seet: et as deng Mamm. Ech mer geduecht natierlech, dass eppes geschit as... Hun dat net verstaan, firwat dass sie dem f. op den Handy urifft, an net bei eis Heem. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa.

Ech hun opgehuewen, an hun gefrot wat as. An sie: Ech hat een Appel en Absence an wollt wessen, obs du mir ugeruf hues. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. Ech: Firwat hues du net op de Festnetz ugeruf. Mir sin jo Doheem. Sie: Et as besaat. Ech: Nee et as net besaat. Sie: Dach. Ech: Nee, probeier nach eng Keier.

Sie nach eng Keier op den Festnetz ugeruff, natierlech as et gaang. Sie freet dann sou: An, wie geet et iech? Ech: Ganz gud, an dir? Sie: Ech wollt nach eppes wessen. Geschter war Antschulina an dat R. Geschäft, eppes sichen, wat hat bestallt huet, an die Verkeeferin wollt keng Suen, sie huet him dat einfach sou gin, well sie sot, du (also ech) geifs hier iergendeppes molen. Firwat muss du schaffen, fir dass mir iergendeppes vun der Fra geschenkt kreien?

Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa.

Ech hat guer keng Ahnung vu naischt. En plus war ech mega genervt, well ech et HAASSEN um tel. ze schwätzen, an d'Mamm respekteiert dat net. Ech gin geckeg.

Sie huet sech mat mir opgereegt, sie hätt sos keng Zait mir unzeruffen, well sie geif schaffen. An well sie mir jo net daerft op d'Aarbecht uruffen, kann sie mir just owes uruffen, an bla bla bla.

Ech hat hier eng Keier gesot, dass dat guer net gud ugesin gett, wann een hei op der Aarbecht privat telefoneiert. Dofir well ech op der Aarbecht net uruffen, et sief dann et as ee Noutfall. Dann war sie natierlech beleidegt.

Ech sot hier geschter: Mamm, mir gesin eis dach muer, firwat riffs du mech owes um halwer 10 un an frees mech saachen, die guer net wichteg sin.

Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!!!!

As dat zevill verlaangt, ech well einfach net weinst iergend engem Blödsinn telefoneieren. Ech haassen den Telefon. Wann deen, den en erfont huet nach geif liewen, dann geif ech en erscheissen!

Ech fannen dat souwisou allerhand, dass een hautesdags mengt, et keint een den aneren stéieren, just well een grad Loscht huet ze schwätzen. An wann den Telefon doheem besaat as, dann rifft een op alleguer d'Handysnummeren dei ee kennt, fir onbedengt un die Persoun ze kommen, obwuel et guer net wichteg as!!!!! Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. Hiiilfe.

Wat soll ech maachen? Sin ech vereckt oder wat as lass?
frupsi - 26. Aug, 10:43

oh gott

majo daat ass schlemm daat ganzt, deng mamm huet vlait guer net op aeren festnetz probeiert!!! ahhh!!! en plus wann dir iech haut gesitt dann firwaat huet hat geschter nach ugeruf, war daat esou schweier ze verschaffen dei story vum buttik!!!??? mhhh majo...!

also geschter ware mir an d stadt eppes drenken, an well den bananas zou ass well en renoveiert gett sin mir an engem anneren café gangen wou den s an ech dann en gudden teller friteierten sachen giess hun, mega lecker war daat. die anner haaten just eppes gedronk...

hun d gefill wei wann meng kollegin hei gepinscht hätt, wou ech komm sin, haat kleng aan, geschwollen, huet guer nix geschwaat, an huet eigendeng melodie gesummt, esou ongeweinlech eben, hun nix gesot, interesseiert mech och kee fascht.

putain elo nervt et schon mat senger facon de parler...aaarhggg...

also ech war nach guer net op schueberfouer, wahrscheinlech nächst woch oder den weekend bestemmt.

ah elo wees ech firwaat et net vill schwätzt: et huet eng kleng indigestion... seufz...

bon schreiwen iech mei speit! hei waert erem mega meeting sin mat 2 chefen...waert dann weinstens a rou hei elleng setzen beim telefon an hat waert hei hin an hier laafen an alles firbereeden.

tschuuuu! ;)

chepi - 26. Aug, 10:58

Oh, gud, dass du mech verstees. Ech fänken sos un ze denken, mat mir stemmt eppes net...

Deng Kollegin as awer e komescht. Muss eng Keier eng Foto vun him maachen an schecken... oder as hat vlait op facebook? hehe

Oh, d'Leit maachen mech och sou geckeg dest Woch. Hoffentlech as geschwen Weekend, ech kann et net erwaarden endlech doheem ze sin fir weinstens 1 Dag.

Majo, dann vill Spaas bei der Konferenz, an bis herno! DK
frupsi - 26. Aug, 11:27

zum gleck brauch ech do nie matzeman an deenen versammlungen geet nemmen em geschäfssachen..uff.
ah muer gin ech bei meng mamm mech erem e bessen ressourceieren, bessen mat him schnessen.

hun villes gedreemt an der nuecht mee kann mech just nach un daat lescht erenneren: ech wollt reesen, an war am flughafen um schalter wou een d sachen fir an den scanner muss offgin...d madame oder den tippchen deen do steet freet ech sollt d been breed stellen an d aerm strecken. dann fiert en mat sengem zutzi do lanscht mein kierper an bei den been piepst eppes...

hien: do ass eppes!

an en wollt daat ech et eraushuelen, et war "just" eng menz wou mat den boxen zesummen komm ass wou ech d box kaaf hun, wesst dir heiansdo kommen esou kleng sachen un den kleeder, wou een dann kann als anhänger benotzen oder sou...majo et war eng schein mentz, huet baal esou ausgesin wei en macaron!!!! an war esou beberosa, hellrosa...wollt deen net ofgin! den draam war dun eriwer well den sandro an den zemmer erakomm ass... :) kennt dir dei sendung: mein revier? majo am draam huet mech daat un dei sendung erennert.
chepi (Gast) - 26. Aug, 11:41

aha, kuckt dir och alleguer die sendungen do um VOX... jo jo ech kennen "mein revier" :) dain draam as witzeg, wess net wierklech wat en keint bedaiten... hmm, eng rosa mënz...
Dass du d'Mënz net wollts weg gin, keint bedaiten, dass du am moment naischt wells opgin fir eppes neies ze erliewen (an dengem draam>>reesen)

oooh et as sou latzeg haut op der arbecht... weini sin mer rem nees owes???

frupsi - 26. Aug, 14:14

mhhh

also ech wees net meedei schecks hei ass seltsam haut...!!!!esou iwer frendlech mee et geseit een direkt daat et onnatierlech ass an falsch klengt, fake lachen...wann hei sou meetingen sin mat chefen dann geseit et och emmer mega gestresst aus, esou...mh soen et leiwer net... :)
geschwollen okaY hun et awer gesot! (antschulina erennert dech daat un eppes???)
hun fir e freiden ofgesot fir bbsitting, hun gesot hätt eppes fir...oh muss net all keiers sin, hun keng loscht an freen mech op mein weekend an op mein FREIEN freiden owend!
antschulina - 28. Aug, 15:08

ok

also ech verstin emmer alles.
hu mech nees mega opgereegt des woch. et ass jo wieklech net zefil verlaangt eng keier relax ze schlofen mueres?! hu misen sonden de moien mega frei opstoen fir babysitting :/ wa och zimlech midd an et wa mega herlech. dann meindes, denschtes an mettwoch mueres nees frei opstoen, an donneschten um 8h fir an den auchan. ech kont keng eng keier mei frei wi 23h30 an bett weinst dem schaiss fernseh deen dauernd hei leeft. vun do war ech sou mega freckt. hu babysitten mega gaer mee hu et net gaer wann tele oder musik hei leeft an ech net schloofen kan.
krut meng aarbescht op der braderie net. an dese we kann ech och net 100% schlofen, well dem p seng kolechen aus aalen zeiten hei wäerten sin. hien huet elo all weekender vum september kolechen agelueden, heiansdo mat schloofen. an meng arm m muss hei alles man.... wat e pacha!!
GESCHWOLLEN wes ech nach ganz geneee. ass wieklech krass.

an ech sin och immens frou dat dir sou wunnt wei dir wunnt. et ass herlech ze gesin wann leit glecklech sin. am Kommunismus seet een emmer et liewt een als deel vun enger gesellschaft an et muss een der gesellschaft netzlech sin. mee ech mengen et muss een no sech als eischt kucken, well wann een selwer glecklech an a harmonie liewt dann strahlt een dat an die aner leit aus. an dat ass mei wi altruistesch eppes ze man wou een guer keng loscht drop huet.
an de p huet des woch fill dreckech gemeet. ech hat gebotzt an sin dann vun der aarbescht heem owes. an alles wa gehierlos dreckech... :/
ech vermessen mein training. ech vermessen och aner saachen. geschter hun ech mat engem kolech um tel geschwat, deen an schweiz geplennert ass. an muer ginn ech nach op eng aner abschiedsparty...! :(
kisses
logo

reality circus

privat Gespréicher tëscht 3 verréckt Leit :)

User Status

Du bist nicht angemeldet.

Aktuelle Beiträge

I AM AGGRESSIVE
hello peeps!! hei sin ech mueres frei an fresch aus...
antschulina - 16. Nov, 10:12
hui
dat ass awa krasti!! merci chepi fir deng wensch :)...
antschulina - 12. Nov, 11:26
hmm. deck krass! geschitt...
hmm. deck krass! geschitt sou eppes dann oft? wann...
chepi - 9. Nov, 16:30
pff
salut hei sin ech rem, den weekend war okay mee huet...
frupsi - 9. Nov, 12:53
interessant^^
also hallo!! ech wa schon eng zeitschen net online...
antschulina - 15. Okt, 12:28

Links

Suche

 

Status

Online seit 5404 Tagen
Zuletzt aktualisiert: 8. Sep, 09:21

Credits


Wahnsënn
Profil
Abmelden
Weblog abonnieren